C.A.E.G.

09.09.2018 – Praktësch Informatiounen fir d’69. Drauwen- an Wäifest 2018 zu Gréiwemaacher (Cortège)

Et ass erem souwait an iis schéin Stad Maacher ass nächsten Weekend rem am Ausnahmezoustand!
Mir freeën iis mat iech zesummen e Sonnden den Mëtten den CAEG beim Cortège ze représentéiren.
Rendez-Vous ass um 14:15 Auer beim Centre Culturel. Départ vum Cortège ass um 15 Auer an mir sinn Grupp No 8.
Fir all déi, déi sech en T-Shirt bestallt hun, kréien deen op der Plaatz.
All déi, déi sech nach nogemellt hun, sollen hiren T-Shirt vum CAEG undoen (an wann mer der zevill hun, ginn déi natierlech ënnert den Athleten verdeelt).
Wann och een sech net ugemellt huet, ass en härzlech wëllkomm an onsem Grupp.
Doot iech dem Wierder entspriechend un (am beschten Turnschlappen an eng Jeans-/Lafbox).
Prost op déi néi Wäikinnigin, op den CAEG an op en flott Drauwen- an Wäifest 2018!
All weider Informatiounen zum 69. Drauwen- an Wäifest 2018 zu Gréiwemaacher fannt Dir ënnert dësem Link.