C.A.E.G.

16.12.2018 – Cross zu Dräibuer vum C.A.E.G. (Opruff fir Helping-Hands)

Léif Memberen,

Wéi dir schons alleguer matkritt hutt, ass den 16. Dezember 2018 den Cross vum C.A.E.G. Dëst ass eent vun eisen 3 Haapt-Evénementer vum Joer, wou mir als Club organiséieren an wou mir och drop ugewisen sin.

Dëst Joër ass den Cross net mei zu Gréiwemaacher, mee op engem flotten neien Site zu Dräibuer. Dëst och schon mol als Préparatioun fir den nationalen Cross-Championnat, deen mir fir d’Saison 2019-2020 dierfen organiséieren.

Well mir eis natiirlech als Veräin emmer wëllen gudd présentéieren, sin mir op d’Hellëf vun eisen Memberen ugewisen – dofir hei den Appel vun eis als Comité fir ierch iwwert info@caeg.lu bei eis ze mellen, wann dir Loscht an Zäit hutt.

Mir wieren och frou, wann dir kéint ugin, wéini an wou dir hellëfen wëllt. Et sief gesot, dass mir Samsdes opriichten an den Cross vun Sonndes moies bis an den fréien Nomëtten dauert, duerno gëtt oofgeriicht.

Mir soen ierch all am Viraus en groussen Merci an bis geschwënn.

De Comité vum C.A.E.G.