C.A.E.G.

01.09.2019 – Kids Cup & Challenge Tageblatt organiséiert vum C.A.E.G. um Stadion ‚Op Flohr‘

Léif Memberen,

Den 1. September 2019 (Sonndes) organiséiren mir moies e Kids-Cup an Mëttes e Challenge Tageblatt fir Débutant(e)s & Scolaires um Stadion ‚Op Flohr‘ zu Gréiwemaacher.

Wann dir dann net an der Vakanz sidd, notéiert iech deen Datum, well mir sinn op är wärtvoll Hëllef ugewisen.

Mellt iech via info@caeg.lu mat enger Indicatioun, zu wéiengen Auerzäiten & bei wéienger Tâche dir eng Hand wëllt mat upaken.

Zum Beispill:

  • Moies:
    • Opbau,
    • Terrain Kids-Cup,
    • Catering,
    • Büro.
  •  Nomëttes:
    • Terrain Challenge Tageblatt,
    • Catering,
    • Büro,
    • Ofbau.

Merci am Viraus an eng schéin Summervakanz,

De Comité vum C.A.E.G.