C.A.E.G.

04.10.2020 – Championnats nationaux 10km sur Route à Dudelange

4 Athleten vum C.A.E.G. sinn bei den 10km-Stroosselafmeeschterschaften zu Diddleng un de Start gaangen.

Bei den Damen ass d’Eva DANIELS an der Zäit vun 38’36″ daat 4. ginn & huet domadder d’Bronzemedaille ëm nëmmen 8 Sekonnen verpasst.

An der Course vun de Hären sinn mam Abdelkader ZAGHBIB (34’25″) an Scharel LEHNERS 2 Leefer vum C.A.E.G. an d’Top10 gelaf. Am Klassement vun der Meeschterschaft ass den Abdelkader den 6. ginn & den Scharel ass op der 7. Plaz geland. Den Nicolas MARCHAL ass an senger éischter Course fir den C.A.E.G. an enger Zäit vun 37’55″ op déi 19. Plaz komm.

D’Resultater sin ënnert dësem Link disponibel.