C.A.E.G.

07.05.2020 – Deelweis Reprise vum C.A.E.G. Training ab dem 25. Mee 2020 um Stadion ‚Op Flohr‘

Léif Member(inn)en vum C.A.E.G.,

Déi 2. Phase vum Déconfinement fänkt och beim C.A.E.G. un. D’Reprise vun den Traininger kann DEELWEIS ab dem 25.05.2020 um Stadion ‘Op Flohr‘ zu Gréiwemaacher rem stattfannen.

Den C.A.E.G. informéiert déi concernéiert Athlet(inn)en via E-Mail iwwert d’Auerzäiten, d‘Sëcherheetsmesuren & den generellen Oflaf vum Training.

De Consignen vun der Regierung gëllt et natierlech och während dem Training Rechnung ze droen.

Sportlech Gréiss,

De Comité vum C.A.E.G.