C.A.E.G.

07.05.2020 – Reprise vun verschiddenen Outdoor-Sportsaktivitéiten ab dem 11. Mee 2020

Léif Member(inn)en vum C.A.E.G.,

Wéi déi meescht Athletinnen & Athleten schon matkritt hunn, huet d’Regierung Ugangs der Woch confirméiert, dass ab dem 11. Mee nees verschidden sportlech Outdoor-Aktivitéiten dierfen bedriwwen ginn. Mir als C.A.E.G. freen eis natierlech iwwert dës méiglech Reprise & waarden elo op Instructiounen vum Sportsministère an vun den Fédératiounen F.L.A. & F.L.TRI., fir e Konzept virgeluecht ze kréien, ënnert wéi enge Sécherheetsmesuren a Viraussetzungen hei am Land nees Liichtathletik & Triathlon kënnen praktizéiert ginn. Wéi an der Pressekonferenz vum Premier den 04. Mee mentionnéiert, ass dëst natierlech och ofhängeg vun enger Ouverture vun den kommunalen Sportsinfrastrukturen.

Mat den Décisioune vun den genannten Instanzen, wärten mir als C.A.E.G. doropshin kënnen Détailer bekannt maachen, ab wéini & ënnert wéiengen Konditiounen d’Reprise vum Trainings- & Compétitiounsbetrieb an der Liichtathletik & am Triathlon wäert stattfannen.

Bleift gesond a freet iech drop, deemnächst nees kënnen Liichtathletik & Triathlon zu Maacher ze praktizéiren!

De Comité vum C.A.E.G.