C.A.E.G.

Einladung – Spaghetti-Party des C.A.E.G. in Mertert am 08.11.2019

Léif Memberen vum C.A.E.G.,

Fir eisen Memberen Merci ze soen fier den Asaz an den Engagement während dem Joër & well eisen Caissier „feu vert“ gin huet ;-), fënnt och dëst Joër eist traditionellt Spaghettis-Iessen statt: dëst den 8. November 2019 (Freides) um 19h30 am Restaurant „DaMassimo“ zu Mäertert an der Sandkaul.

Als Menu gëtt et eng Entrée (Bruscetta) an en Duo de Pâtes fir déi Grouss an eng Spaghetti fir déi Kleng. D’Iessen iwwerhëllt den C.A.E.G., d’Gedrénks bezillt jiddereen selwer, optionnel kann een och en Dessert (Tiramisu) huelen.

 Bei Interessi, mellt iech w.e.g. bis spéitstens den 31. Oktober 2019 op info@caeg.lu un – déi éischt sin vir!

 Mat sportleche Gréiss,

 De Comité vum C.A.E.G.