C.A.E.G.

16.12.2018 – Cross zu Dräibuer vum C.A.E.G. (Opruff fir Helping-Hands)

Léif Memberen,

Den 16. Dezember 2018 (Sonndes) organiséiert den CAEG säin Cross am Kader vum „Cross Challenge N°4“ – dëst Joer op enger neier Stréck zu Dräibuer vis-à-vis vum Schoul- a Sportkomplex ‚Billek‘. Vu que dass mir déi nächst Saison dierfen den nationalen Cross-Championnat ausdroen, wellen mer natierlech dofir suergen, datt dës Generalprouf esou gudd wei méiglech oofleeft an dofier brauchen mir är Hëllef.

Mier wieren frou wann dir iech géift op info@caeg.lu mellen, wann dir dësen Dag Zäit hutt, fir eng Hand mat unzepaaken; idealerweis kënnt dir eis och schon matdeelen, wou der am Léifsten gëngt asprangen.

En groussen MERCI am Viraus!

De Comité vum CAEG