C.A.E.G.

04.10.2018 – 30% auf die vorrätige CAEG-Kleidung (Stadion ‚Op Flohr‘)

Léif Memberen,

De Comité huet a senger läschter Réunioun ‚unanime‘ décidéiert, datt den bestoenden Stock vun Kleeder mam Logo vum CAEG, déi nach an eisem Bureau um Stadion ‚Op Flohr‘ leien, integral liquidéiert gëtt an dofir mat enger Remise vun 30% verkaf gëtt; dëst ass gülteg ab haut!

Zousätzlech dozou sief drun erënnert, datt mir och nach aner Second-Hand-Kleeder an Schung an der Garage ‚Op Flohr‘ leien hun, déi selbstverständlech och zum Verkaf stin.

Bei Interessi schwätzt um Training einfach en Verantwortlechen oder Trainer vum CAEG un.

Mat sportleche Gréiss,

De Comité vum CAEG